Header Image 1 Header Image 2 Header Image 3 Header Image 4 Header Image 5 Header Image 6 Header Image 7 Header Image 8 Header Image 9 Header Image 10 Header Image 11 Header Image 12 Header Image 13 Header Image 14 Header Image 15 Header Image 15

CONVIVERE

 Mateneen liewen : eng Erausfuerderung !!

Mateneen liewen

An der 'Boulette' - ewéi de Convict am Volleksmond heescht - huet de jonke Mënsch d'Méiglechkeet, sech dëser Erausfuerderung ze stellen :

52 Lycéesschüler wunnen während der Woch zesummen am Internat. Wuel huet jiddereen säin eegend Zëmmer, wou hien sech no sengem Goût kann ariichten a wuer hien sech kann heiansdo zeréckzéien. Mee de Gros vun den Aktivitéiten am Convict ginn a Gemeinschaft ënnerholl. Dëst as en dagdeegleche Mateneen bei de Molzechten, beim Léieren, an der Fräizäit asw.

Hei kann een sech nët méi drécken. Hei heescht et : mat upaken, mat droen, matverantwortlech sinn, sech engagéieren, hëllefen, deelen, Kompromësser schléissen, Versteesdemech hunn, tolerant sinn, bereet sin zum Dialog, zesummenhalen, Respekt hunn virum Aneren a viru friemem Besëtz, sech u Regelen halen, ...

Dat heescht awer och: séng Perséinlechkeet entfalen, léieren sech duerchzesetzen an och nozeginn, op d'Zänn bäissen, duerchhalen, net opginn, laache kënnen, Débrouillard ze sinn ... kuerz :

Säi Mann stellen !!

 Léiere léieren : d'Schoul packen !!

Am Convict kann een dee Wonsch realiséieren. Datt dëst nët ouni Effort geet, läit op der Hand. Duerfir bitt d'Boulette e stabile Kader, an deem geléiert gëtt. Während festen Zäiten studéieren VIIe a VIe (8e) am Zilenz, Ve (9e) bis Ie (13e) um Zëmmer. Dëst schaaft e gesond Léierklima.

Doriwwer eraus kritt de Jonke gehollef, säi Léieren ze plangen an z'organiséieren. Hie kritt Léiertechniken a -methoden gewisen, mat deenen hie méi liicht ka léieren. Hie kritt weider Erklärungen, wann hien eppes nët richteg verstan huet. An der Bibliothéik an um Internet kann hien sech virun dokumentéieren.

Hien huet d'Méiglechkeet, am Teamwork mat anere Jugendlechen, déi eng oder aner Matière weider ze verdéiwen. Jiddwer Schüler huet doriwwer eraus esou een Tuteur, also en Educateur, deen hie méi perséinlech an awer diskret duerch säi Léiere begleet.

D'Erzéier versichen ausserdeem, gemeinsam mat dem Jugendlechen, den Eltren an der Schoul (SPOS) erauszefannen, wat hie spéider wëllt ginn, wat seng Ziler sinn, op déi hie ka lass schaffen no dem Motto :

Net fir d'Schoul, mee fir d'Liewen! Eng gutt Schoulorientéierung ass den A an den O vun all Schoulerfolleg.

Viraussetzungen fir e gutt Léieren sinn awer : eng positiv Perspektiv vun der eegener Zukunft, e gesond Selbstvertrauen a genuch Eegendisziplin, déi, wa néideg, gestäerkt musse ginn.

Hei gëllt: dat Bescht aus sech eraushuelen !!

Léiere léieren

 Eppes erliewen : Neies erfueren !!

Eppes erliewen

An der Boulette ginn Dreem realiséiert: Eng Iddi, déi am Krees vun de jonke Leit genuch Zoustëmmung fënnt, gëtt opgegraff, an ënnerschiddlech grousse Gruppen duerchdiskutéiert, mat zousätzleche Virschléi versinn a versicht, an d'Realitéit ëmgesat ze gin.

Aus der Iddi ass e Projet ginn, deen duerchgefouert gëtt. Dat kann e Rallye pédestre sinn, eng selwergestallten Internet-Säit, de Bau vun engem Roboter, eng Fotosausstellung, e Fest, d'Ënnerstëtzung vun engem Drëtt-Welt-Wierk ...

De Projet soll Freed maachen, den Eenzelnen mat Neiem konfrontéieren, fir datt hien an der Zesummenaarbecht mat aneren iwer sech eraus ka wuessen.

A verschiddene Workshops, déi gi vun Amateurfunk, Batik, iwwer Kachen, Gipsmasken ... bis hin zou Theater, Äppelvizpressen an Zënnzaldotegéissen, kann de Jonken Techniken léieren, déi hien nach net kannt huet. De Sport steet awer eendeiteg am Zentrum vun de Fräizäitaktivitéiten. Aus alen Zäiten heescht et:

E gesonde Geescht an engem gesonde Kierper. Wou kann de jonke Mënsch seng Qualitéiten, seng Leeschtungsfäegkeet an Ausdauer, awer och seng Grenze besser erfueren ewéi grad am Sport ?

Aus alen Zäiten heescht et: Am Convict kann een erëm léiere staunen a bewonneren: duerch d'Studéieren vun der Natur, duerch Erzielen, d'Lecture, Meditatiounen, duerch reliéis Feieren. An Diskussiounsgruppen ginn aktuell Themen behandelt .. D'Denken soll ugereegt gin.

Neies entdecken setzt d'Bereetschaft viraus, Bequemlechkeeten a Gewunnechten ze verloossen an de Courage, nët stoen ze bleiwen.

Dat heescht: eppes woen !!

Eppes erliewen