1. Mateneen liewen : eng Erausfuerderong!! 

An der 'Boulette' -ewéi de Convict am Volléksmond heescht- huet de jonke Mënsch d'Méiglechkeet, sech dëser Erausfuerderong ze stellen:

52 Lycées-schüler wunnen während der Woch zesummen am Internat. Wuel huet jiddereen säin eegend Zëmmer, wou hien sech no sengem Goût kann ariichten a wuer hien sech kann hei ëns do zeréckzéien. Mee de Gros vun den Aktivitéiten am Convict gin a Gemeinschaft ënnerholl. Dëst as en dagdeegleche Mateneen bei de Molzéchten, beim Léieren, an der Fräizäit asw.

Hei kann een sech nët méi drécken; hei heescht et: mat upaken, mat droen, matverantwortlech sin, sech engagéieren, hëllefn, deelen, Kompromisser schléissen, Versteestemech hun, tolerant sin, bereet sin zum Dialog, zesummenhalen, Respekt hun virum Aneren a viru friemem Besëtz, sech u Regelen halen,...

Dat heescht awer och: séng Perséinlechkeet entfalen, léieren sech duerchzesetzen an och nozegin, op d'Zänn bäissen, duerchhalen, nët opgin, laache kënnen, Débrouillard ze sin...

kuurz: säi Mann stellen!!

 

2. Léiere léieren : d'Schoul packen!! 

Am Convict kann een dee Wonsch realiséieren. Datt dëst nët ouni Effort geet, läit op der Hand. Duefir bidd d'Boulette e stabile Kader, an deem geléiert gëtt. Während festen Zäiten studéieren VIIe a VIe (8e) am Zilenz, Ve (9e) bis Ie (13e) um Zëmmer. Dëst schaaft e gesond Léierklima.

Doriwer eraus kritt de Jonke gehollef, säi Léieren ze plangen an z'organiséiern. Hie kritt Léiertechniken a -methoden gewisen, mat deenen hie méi liicht ka léieren. Hie kritt weider Erklärungen, wann hien eppes nët richteg verstan huet. An der Bibliothéik an um Internet kann hien sech virun dokumentéieren. Hien huet d'Méiglechkeet, am Team-work mat anere Jugendlechen, déi eng oder aner Matière weider ze verdéiwen. Jiddfer Schüler huet doriwer eraus esou een Tuteur, also en Educateur, deen hie méi perséinlech an awer diskret duurch säi Léiere begleet.

D'Erzéier versichen ausserdem, gemeinsam mat dem Jugendlechen, den Eltren an der Schoul (SPOS) erauszefannen, wat hie spéider wëllt gin, wat seng Ziler sin, op déi hie ka lass schaffen no dem Motto: Nët fir d'Schoul, mee fir d'Liewen! Eng gudd Schoulorientéierong as den A an den O vun all Schoulerfolleg.

Viraussetzungen fir e gudd Léieren sin awer: eng positiv Perspektiv vun der eegener Zukunft, e gesond Selbstvertrauen a genuch Eegendisziplin, dé, wa néideg, gestäerkt musse gin.

hei gëllt: dat Bescht aus sech eraushuelen!!

 

3. Eppes erliewen : Neies erfueren!! 

An der Boulette gin Dreem réaliséiert: Eng Idi, déi am Kreess vun de jonke Leit genuch Zoustëmmung fënd, gëtt opgegraff, an ënnerschiddlech grousse Gruppen duurchdiskutéiert, mat zousätzleche Virschléi versin a versicht, an d'Realitéit ëmgesat ze gin.

Aus der Idi as e Projet gin, deen duurchgefouert gët. Dat kann e Rallye pédestre sin, eng selwergestallten Internet-Säit, de Bau vun engem Robotor, eng Fotos-ausstellung, e Fest, d'Ennerstëtzong vun engem Drëtt-Welt-Wierk... De Projet soll Freed maachen, den Eenzelnen mat Neiem konfrontéiren, fir datt hien an der Zesummenaarbecht mat aneren iwer sech eraus ka wuessen.

A verschiddene Workshops, déi gi vun Amateurfunk, Batik, iwer Kachen, Gipsmasken... bis hin zou Theater, Äppelfiezpressen an Zënnzaldotegéissen, kann de Jonken Techniken léieren, déi hien nach nët kannt huet.

De Sport steet awer eendäiteg am Zentrum vun de Fräizäitaktivitéiten. Aus alen Zäiten heescht et: e gesonde Geescht an engem gesonde Kierper. Wou kann de jonke Mënsch seng Qualitéiten, seng Leeschtungsfähegkeet an Ausdauer, awer och seng Grenze besser erfueren ewéi grad am Sport?

Am Convict kann een erëm léiere staunen a bewonneren: duurch d'Studéieren vun der Natur, duurch Erzielen, d'Lecture, Meditatiounen, duurch reliös Feieren. An Diskussiounsgruppen gin aktuell Themen behandelt..D'Denken soll ugereegt gin.

Neies entdecken setzt d'Bereetschaft viraus, Bequemlechkeeten a Gewunneschten ze verloosen an de Courage, nët stoen ze blweiwen.

dat heescht: eppes woen!!

(version 1.1  17/12/09)